Looss mech Kand sinn

Eng schéin friddlech Kannerwelt

Souvill Freed

Waarmhärzeg Wierder mat Léift

Gebuergenheet

 

Mä d’Wourecht ass vrun äeren A’n

Dir all schéngt blann ze sin

Hien kënnt bei mech, vill ze noh

Looss mech Kand sinn

 

Ka mech keen héirën?

Alleng mat mengem Leed

Ka mech net wieren

Wann hie mir wéih deet

 

Endlos fantasievoll Dreem

Am Kannerhäerz gemach

E Flug zu den Stäeren

An d’Nuet gëtt rem zum Daag

 

Onschëlleg Dreem, den Engele gläich

Zerstéiert wann ech hie gesinn

Virwaat mierkt keen: Ech sinn verluer

Looss mech Kand sinn

Oh Mamm, komm dach z’réck, séier, heem bei mech

Ka wierklech näischt dofir,

‚t läit net u mir

Instagram